Riets geet et iwwert den Build 10586.63, deen den 13.01.16 erauskënnt. Witzegen Fakt : Déi Mobil Windows Phones hunn deen Ament, genee déi selwecht Versioun lafen. Ween awer lo denkt, dass sech grondleeënd Saachen um Windows 10 wäerten änneren, deen läit falsch – et geet Microsoft an éischter Linn em d’Sécherheetsrisiken, déi um alen Build erëmzefannen waren.
Méi konkret gëtt vun 9 aktuellen Secherheetslücken geschwat, wou vun 4 Stéck vun Microsoft als kritesch agestuuft ginn. Zwee als geféierlech geltend Feeler, ass den néien Browser Edge an eisen gudden alen Kolleg den Internet Explorer, iwwert déi sech Ugräifer kennen eng Dier opmaachen an esou een Programmcode lafen loossen kennen. Des Weideren sinn och nach aner Fehler bekannt, déi manner mat Software, wei mat der Rechtslag ze dinn hunn, doriwwer well Microsoft awer keng Detailer Präis ginn.
Och an fréieren Versiounen vun Windows goufen et ähnlech Problemer erëmzefannen, zemools wou lo rëm den Risk vun den Browser rëm eng Kéier op den Plang kennt, sou war déi Problematik ëmmer iergendwéi omnipräsent. An genee aus dësem Grond huet Microsoft bekannt ginn, dass een Feeler aus enger vill méi aler Versioun elo och behuewen gouf, dozou feelen awer genee Detailer vun Microsoft senger Säit.
Fir un deen néien Update ze kommen musse een an d’Update-Center vum Betribssystem Windows 10 ze goen an do d’Update manuell starten oder eben automatesch, falls een et esou konfiguréiert huet. Een groussen Déjà-Vu fir Windows 8 – passéiert dat selwecht wei Ufanks bei Windows XP. Secherheetsupdates kommen keng méi no an soumat gëtt Windows 8 och op den Koup vun den alen gelutschten Systemer wei Windows XP geluecht. Microsoft reit engem, et sollt een op Windows 8.1 oder besser nach 10 sou schnell wéi méiglech wiesselen.
Am Laf vun dësem Patch ginn och nach zwee aner Secherheetslücken zou gemeet. Op der enger Säit, een Mol am Microsoft-Office-Package, wou den Programmcode fir laang Zäit mëssbraucht hätt kéinten ginn an ass. Op der anerer Säit besteet och momentan een Sécherheetsrisiko mat Silverlight, deen als ganz geféierlech agestuuft ginn ass.
Biller: Microsoft